Cultiver le Savoir Faire Relationnel 9

Entreprisen

An enger struktureller Dynamik weist jiddereen, deen dorun deelhëlt, seng Talenter op verschiddenen Ebenen. Jiddereen kann d’Roll vum Aarbechtskolleg, vun der Autoritéitspersoun, vun dem den ausféiert huelen. A verschiddenen Aufgaben a Rolle fille mir eis wuel. An anere spiere mir Frustratioune well mer d’Méiglechkeet net hunn fir d’Kommunikatioun an d’Relatioun mat eise Kollegen ze verbesseren oder fir eis Kompetenze kënne richteg anzesetzen. No an no engagéiere mir eis manner a sinn net méi esou kreativ well mer eis an eiser Roll erginn hunn. Di eng engagéiere sech net méi, di aner notzen hier Méiglechkeet fir Leit ze schueden oder fir Karriär ze maachen ouni Récksiicht op hier eege Gesondheet. Wéi eng Haltung soll een elo anhuelen?

Op den Emotioune surfen

En Atelier fir Wëssen a praktesch Uwendung. Andeems een op den Emotioune surft verwandelen sech Saache mat deenen een sech zevill beschäftegt ganz natierlech a Geleeënheeten an deenen een opgeet an an deenen ee fir d’Gesellschaft produktiv gëtt. Gläichzäiteg notzt een seng perséinlech Qualitéiten a funktionell Kompetenzen. D’Virdeeler vun engem optimale Gebrauch vu senge Leeschtunge loossen sech an der Produktivitéit an um eegene Wuelbefanne moossen. An Zesummenaarbecht mam Henriette Tounkara. Standard Programm.. 

Zesummeschaffen

Erausschaffe vu perséinleche Profiller, Kommunikatiounstechniken an der Gestioun vun Emotioune fir di villfälteg Méiglechkeete vu Konfliktbewältegung ënner dem Afloss vun Emotioune kennen ze léieren. 

Outils proposés

Informatiounen