D'Gesetz vun der Attraktioun

D'Phenomen vum Gesetz vun der Attraktioun gëtt allgemeng beobacht am Kader vun den Gedankeniwwerdroungen: eist Gehir ass en en Sender an en Récepteur. (Einstein)

Dobäi sief gewosst, datt eis Gedanken eis Emotiounen déi mir empfannen gaangs modifizéieren.

Wann onbewossten Emotiounen, déi net gewollt sinn, einfach verneint ginn oder ënnerdréckt ginn, beaflossen si net manner eist Verhalen et all d'Situatiounen déi mir schafen.

Wann mir ganz gutt gelaunt sinn, ass et onwahrscheinlech datt mir d'Verlaangen wäerten spieren mat Leit ze schwätzen déi genervt sinn iwwert iergendwellech Belanglosegkeeten. Hir Roserei wärt eis fehl un der Platz fier kommen. Eis gutt Laun riskéiert se nach méi ze nerven. Laut dësem nämmlechten Funktionnementsmodus hunn eis ënnerdréckten Emotiounen en Afloss op eis Interaktiounen mat aneren Leit, ob mir dat wëllen oder net.

Vu datt mir en Deel vum Universum sinn, zéien mir dat un eis un, wat op der nämmlechter Wellelängt vibréiert. Mir vibréieren wat mir bewosst an onbewosst fillen.

D’Emotiounen déi mir fillen drécken sech iwwert eis aus. Deen Ausdrock vun den Emotiounen gëtt herrlech an der Aarbecht vum Emily Pinna ervirgestrach.

« Genee esou wéi en Haus op sengen Fundamenter steet, esou gëtt eng glorreich Zukunft op bewossten Emotiounen, déi fräi vun jeglechem Afloss vun onbewossten erleideten Emotiounen sinn, opgebaut