Psychosomatesch Schmäerzen

Wann eng kierperlech Péng opdaucht (z.Bsp. eng Verbrennung), da gi gläichzäiteg verschidde Reaktiounen ausgeléist :

  • Reckzochreflex
  • kreéiere vun engem Gefill

Wann eng emotional/sentimental Verletzung opdaucht, ginn eng Rei vun anere chemeschen, physeschen a verhalensbezunnene Reaktiounen erschaaft:

  • Tréinen
  • Réckzuch a sech selwer …

Eng Kette vun Interaktiounen tëscht Kierper a Geescht entwéckelt sech onbewosst.
Wéi staark hu physesch oder emotional Wonnen eng onbewosst Reaktioun geschaf, déi laanscht engem oder méi Fiedem aus dem Netzwierk vu menger Perséinlechkeet leeft?

Ass et déi gefillte Middegkeet, déi mech drun hënnert mech z’ameséieren oder Aufgaben ze erleedegen, déi mer net gefalen ? Oder ass genee de Contraire de Fall? Läit et dodrunner, datt ech mer et net erlabe, mech z’ameséieren an d’Schold vu mengem Energiemanktem der Middegkeet zouweisen? Sou wéi beim

Sprachwuert, wat seet, datt d’Migrän d’Fraen drun hënnert matt hirem Partner ze schlofen?

Wéi kann ech nees d’Spuer, de roude Fuedem fir bei meng verleegent Wënsch zeréckfannen? Wéi eng si meng vergiesse Wäerter?

"Dat kierperlecht Empfannen an d’Gefiller si Guidë fir onendlech Ressourcen."