Sech machtlos fillen

Begebenheeten vun eiser Péng bleiwen heiansdo an eis markéiert, an dat geet esou wäit, dass mir eis duerch eis Wonnen definéieren oder déi als Excuse benotzen.

Mir behalen an eisem Kapp dat Gefill vun Machtlosegkeet géintiwwer der erliefter Situatioun. D’Péng vun dëser Machtlosegkeet schwächt eis.

Physiologesch gesinn fänke mir un, eis ze introvertéieren, eng Tendenz fir systematesch op déiselwecht Manéier ze reagéieren.

No an no verléieren mir de Sënn vun eisem Handelen an eist Liewen ass vun Automatismus an fest Spueren zesummegebaut.

Zousätzlech gëtt eise Geescht vun eisen Emotiounen an vum Kierper deconnectéiert, esou dat mir en externen Bléck op eis Erliefnisser werfen an doduerch fale mir an Selbstkritik oder Houfert.

 

 

"Sech mat sech selwer erëm ze verbannen, bedeit de Mutt ze hunn, total sech selwer ze sinn."