Selbstzerfleeschung

In wéi wäit si mir selwer fir eisen Entourage oder Misär verantwortlech?

Wann ech d’Gefill hunn, dass kee mech gär huet ass dat eng Interpretatioun vu mir selwer, déi ech op Grond vun erlieften Blessuren op anerer iwwerdroen.

Kann dat Gefill vu Selbstofleenung net d’Ursaach sinn, dat ech keng aner Bezéiung zouloossen, well ech mech selwer schlecht fillen?

Et kann een et och esou soen, dat eng Abberzuel vun negativen Usiichten, onerwënschte Gefiller grad ewéi Stress (Ech kann dat net!) genau d’Realitéit beaflossen? (Da kann ech dat wierklech net, well ech et net probéieren aus Angscht ze versoen!)

Gedanken ewéi „Kee respektéiert mech!“ an „Ech packen dat do net“ si munchmol esou fest an eis verankert, dat mir déi Autoaschränkungemol net matkréien.