Individuell Seancen

Wa mer ons Opmierksamkeet op d’Verwierklechung vun engem präzisen Ziel riichten, kënnt eng komplett Dynamik vun ënnerer Ëmstellung an d’Rullen:

  • Déi al toxesch Gefiller maache Plaz fir méi nëtzlech Gefiller.
  • Schiedlech Verhalensstrategië wei z.Bsp. Auto-Destruktioun, Viktimisatioun, Ofschottung, a.s.w. briechen zesummen an hu kee Sënn an Zweck méi.

Egal wellecht d’Ziel erreecht soll ginn, ons bidden sech ganz wonnerbar Erkenntnisser iwwert ons Empfindsamkeet an ons Qualitéiten.
Lues a lues fänke mer un, aneschters op d’Gescheenësser ze reagéieren. Eis verännert Wahrnehmung erméiglecht ons, komplett nei Léisungen ze gesinn, un déi mer bis elo ni geduecht hätten. Deen éischten Domino-Steen ass gefall. Dat Onerreechbart gëtt zougänglech.

Wat Är Wënsch an Dreem méi grouss sinn an zu Ärer Perséinlechkeet passen, desto méi gestitt Dir Iech zou, Iech vun de Begrenzungen ze befreien, déi Äert Wiesen an alle Beräicher limitéieren.

Eng ganz Vilfalt vu Méiglechkeeten an Technike fir sech vun exzessive Suergen se léisen a sech selwer ze entdecke, ginn an de kollektiven Ateliers-Konferenze proposéiert. Wann Dir gären Äre Wee an der Intimitéit vun enger individueller Seance bei engem Beroder oder Therapeut virugitt, dann entdeckt Är eege Geschicht.

 

"Devenir Soi,

Libéré des doutes, autocritiques,

Comportements répétitifs et conflits

Tellement Soi,

Retrouver une cohérence, réaliser nos rêves

Libre de Soi,

Libre de vivre l'instant présent "